Beatrix vun Holland
Beatrix vun Holland | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Titelen | |
Kinnigin vun Holland | |
Zäit | 1980 bis 2013 |
Virgänger | Juliana vun Holland |
Nofollger | Willem-Alexander vun Holland |
Biographie | |
Gebuer |
31. Januar 1938 Baarn |
Bestuet mat | Claus von Amsberg |
Papp | Bernhard zur Lippe-Biesterfeld |
Mamm | Juliana vun Holland |
Geschwëster | Irene vun Oranien-Nassau, Margriet vun Oranien-Nassau, Christina vun Oranien-Nassau |
Kanner | Willem-Alexander vun Holland, Friso, Constantijn |
Gielercher | Karlspräis, Uerde vum wäissen Aadler, Chevalier vum Uerde vum Gëllene Vlis, Dräi-Stären-Uerden 1. Klass, Stär vu Rumänien, Grand collier vum Chrysanthèmenuerden, Elefanten-Uerden, Grand collier vum Uerde vum Infant Dom Henrique, Erléiser-Uerden |
![]() |
D'Beatrix vun Holland, Prinzessin vun Oranien-Nassau, Prinzessin zur Lippe-Biesterfeld, gebuer den 31. Januar 1938 zu Baarn als Beatrix Wilhelmina Armgard, war vum 30. Abrëll 1980 bis den 30. Abrëll 2013 Kinnigin vun Holland.
Den 30. Abrëll 2013, um hollänneschen Nationalfeierdag, huet si zu Gonschte vun hirem eelste Jong Willem-Alexander ofgedankt.[1]
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Prinzessin Beatrix Wilhelmina Armgard vun Oranien-Nassau ass den 31. Januar 1938 als déi eelst vu 4 Duechtere vum Prënz Bernhard zur Lippe-Biesterfeld an der Prinzessin Juliana vun Oranien-Nassau op d'Welt komm. An der Zäit vum Zweete Weltkrich ass si mat hiren Elteren a Grousselteren an den Exil op London, a spéider op Ottawa gaangen.
Op hirem 18. Geburetsdag gouf si offiziell zur Trounfollgerin ernannt. Si huet op der Universitéit Leiden Coursen a Soziologie, Droit, Ekonomie, Parlamentsgeschicht, Verfassungsrecht, a spéider och tëschestaatlech Affären, Geschicht an europäeschen Droit beluecht. 1961 huet si hiren Ofschloss am Droit gemaach.
Den 10. Mäerz 1966 huet si sech mam däitschen Diplomat Claus von Amsberg bestuet.
Nodeem hir Mamm, d'Kinnigin Juliana ofgedankt hat, gouf d'Beatrix den 30. Abrëll 1980 Kinnigin vun Holland.
De 6. Oktober 2002 ass hire Mann, de Prënz Claus gestuerwen. Si hunn dräi Jongen:
- Kinnek Willem-Alexander (* 1967)
- Prënz Johan Friso (1968-2013)
- Prënz Constantijn (* 1969)
Déi hollännesch Kinneksfamill ass ee vun de Groussaktionäre vum Royal Dutch Shell-Konzern.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Beatrix vun Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ www.koninklijkhuis.nl Homepage vum Kinnekshaus